Photo-Club Gemeng Suessem
Mir sinn e Grupp vu Leit, déi d'Fotografie gären hunn. All Méindeg treffe mir eis am Centre Culturel Metzerlach zu Bieles fir PHOTO-Talks, Studio-Owender, Workshops a Coursen. Ob Ufänger oder erfuerene Fotograf: Dir sidd wëllkomm.
„Natur fotografieren ist Erleben aus erster Hand.“
2024 (ex aequo mat Camera Luxembourg), 2025 an zulescht 2026
Fotoe vun eise Memberen
D'Biller, déi beim leschte PHOTO-Talk gewise goufen. All Album op Flickr.
Upload bis Méindes Mëtteg 12:00
iwwer de Formulaire (Login néideg). Bis zu 8 Fotoe pro Member: véier zum Thema an de Rescht als Sujet libre. JPG, max. 1920 × 1080 px a 2500 KB, Dateinumm z. B.
SL_1_Numm Virnumm.jpg.
Programm November 2026 bis Januar 2027
All Reuniounen vun 19:30 bis 21:30 am Centre Culturel Metzerlach, 62, rue Sigefroi, Bieles.
Portrait Outdoor
Bildbespriechung vun äre Portraiten dobaussen
Studio-Flash
Praxisowend mat Blëtzanlag am Clubstudio
Table top: Kéis a Wäin
Stillliewen am Studio fotograféieren
Photoshop Basis (1/2)
Mam Jessie Lang · 2. Deel den 30. November
Table top mat Dréchäis
Är Biller vum Table-top-Owend
ON1 Basis (1/2)
Mam Fernand Braun · 2. Deel den 21. Dezember
Kéis a Wäin
Bildbespriechung vum Table top
Neijoerschpatt
Offréiert vum President
Alles op engem Blat, fir ze drécken oder ze deelen.
PDF erofluedenDat ganzt Programm als PDF fannt Dir am Kalenner. Rezent Reportagen am Archiv.
Zesumme besser fotograféieren
De PCGS ass Member vun der Fédération Luxembourgeoise de la Photographie Artistique (FLPA). Eis Memberen huelen un nationalen an internationale Salonen deel a waren am Clubklassement vum Salon National op der 1. Plaz: 2024 (ex aequo mat Camera Luxembourg), 2025 an 2026.
- All Méindeg Reunioun: PHOTO-Talk, Workshops, Studio-Owender
- Clubstudio mat Blëtzanlag, reservéierbar fir Memberen
- PCGS-Academy: Coursen zu Photoshop, ON1 a méi
- FLPA-Lizenz fir Salonen a Concoursen
Cotisatioun pro Joer
Projektiounen FLPA
D'Projektioune vun de nationale Salonen an Ausstellungen, mat Biller vun eise Memberen.
Deelt är Fotoen
De PCGS huet och eng nei FB-Grupp, Dir kënnt do är Fotoe posten, déi Dir schonn emol an engem PHOTO-Talk gewisen hutt.
Op d'FB-GruppEis fréier Aktivitéiten
Reportagen, Generalversammlungen, Workshops a Resultater vun de Salonen.
Zum Archiv
amFOKUS 2025
Salon National 2025
Salon National 2024
Salon National 2020